Kultur
Festival "Humour pour la paix" 2017
De Festival "Humour pour la paix" gouf 2007 Joer als Erënnerung un den irakeschen Humorist Walid Hassan, deen 2006 ëmbruecht gouf, lancéiert. Mat der Philosophie hannendrun, deenen déi Humor hunn, gäre laachen, mä et awer duerch politeschen oder kulturellen Drock net duerfen, eng Stëmm ze ginn. Um Festival "Humour pour la paix" trieden Humoristen aus verschiddene Kulturen oder Ethnien op, an eng ganz wichteg Beschreiwung fir dëse Festival ass, datt een iwwert d'Laachen och d'Ënnerscheeder vun deem aneren acceptéieren kann. Explikatioune vum Jean Claude Majerus.