Konferenzen
Iwwersetzer an Dolmetscher - Beruffer mat Zukunft?
55 min
Nieft dem Réckbléck op 20 Joer Iwwersetzungsaarbecht am Europäesche Parlament an enger Vue op d'Zukunft vun dësem Beruff, goufen och Froen opgeworf, ob d'Traductioun en Integratiounsinstrument ass a wéi e Gewiicht nei Technologien an d'Mondialisatioun op d'Iwwersetzungsaarbecht hunn? Wéi gesäit d'Coordinatiounsaarbecht vun de ronn 110 Iwwersetzer, déi um Europäesche Parlament aktiv sinn, aus? Wéi eng Bedeitung huet eng gemeinsam Terminologie am Multilinguismus?
Nei Conclusiounen, iwwerraschend Temoignagen a spannend Informatiounen huet den international besate Symposium dem Publikum gebueden. D'Valerija Berdi presentéiert déi informatiivst Momenter.