Blue Note
Rhythm Section Talk: Entwecklung vum Zesummespill
60 min
D'Rhythmussektioun, also d'Zweeëgespann vu Bass a Batterie kann een als Häerz a Séil vun enger Band bezeechnen. Dobäi ass d'Aart a Weis, wéi déi zwee jeeweileg Museker zesummespillen dacks charakteristesch an immens perséinlech. Et geet esouguer esou wäit, datt sech richteg Partnerschaften entwéckelen. E Bassist a Batteur, tëscht deenen et geklickt an d'Chimie gestëmmt huet, spillen dacks e Liewe laang zesumme wéinst hirer exzellenter Entente a gi vu ville Bandleader zesumme gebucht. De Pol Belardi a Pit Dahm presentéiere queesch duerch de Gaart verschidde wichteg Rhythm Sections.