Kultur
Dimitri Verhulst - Die Unerwünschten
9 min
Den enfant terrible mat terribelem Matgefill - sou an ähnlech gëtt de flämeschen Schrëftsteller Dimitri Verhulst ëmschriwwen. E Mann, deen u seng Kandheet keng gutt Erënnerungen huet a mat klorer Sprooch net hannert de Bierg hält. An "Die Unerwünschten" erzielt de Verhulst vum Kannerheem "Sonnenkind", en Heem, an deem d'Sonn fir d'Kanner net schéngt. Déi, déi hei opwuessen, si wuel aus ënnerschiddleche Grënn do, mä si si verbonnen duerch déi traureg Tatsaach, datt si net erwënscht sinn. D'Nathalie Bender mat der Buchkritik.