Konferenzen
Red Dawn, Rambo II, Rocky IV et les autres
Am Ufank vun den 1980er war de President Ronald Reagan den Ustëfter vum erëm Opliewe vun der Rhetorik vum Kale Krich. D'verbal Attackë géint Sowjetunioun goufen ëmmer méi heefeg, virulent an aggressiv. De Sommet vun der anti-sowjetescher Rhetorik war am Mäerz 1983 erreecht, wéi de Reagan d’UDSSR als "Evil Empire" denoncéiert hat. Déi vergëften amerikanesch-sowjetesch Relatiounen haten hir Spueren an der ëffentlecher Meenung hannerlooss an deemno och an der populärer Kultur, mä besonnesch am Film.
E Virtrag vum Dr. Paul Lesch, am Kader vun der Ausstellung "La guerre froide au Luxembourg 1947-1991". Enregistréiert a verschafft vum Carlo Link.