Konferenzen
La Diplomatie Grand-Ducale face à la Guerre de Corée (1950-1954)
Dëse Beitrag versicht Liicht op d'Positioun vum diplomatesche Corps géintiwwer dem Koreakrich (1950-1954) ze werfen. Wéi sinn d’Informatiounen tëschent den Diplomaten zirkuléiert, wéi influenzéiere si den Entscheedungsprozess vum Ausseministère? Fir op dës Froen z'äntwerten, mécht d'Conferencière e kuerzen Historique, fir duerno d'Aktivitéite vun den Diplomate Joer fir Joer z'analyséieren vum Moment un, wéi si mat der Korea-Fro saiséiert goufen, dat heescht vun 1947 bis 1954.
E Virtrag vun der Dr. Corinne Schroeder am Kader vun der Ausstellung "La guerre froide au Luxembourg 1947-1991". Enregistréiert a verschafft vum Carlo Link.