Radioen

On air

Concert  |  La harpe fantastique

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Decipher & Leprous

Decipher & Leprous

Decipher

Den Debutalbum vun der jonker Progressive Death Metal Band Decipher ass op hirer Listening Party de 16. Dezember 2016 relativ gutt ukomm, an et ware méi Leit do, wéi si sech erwaart haten. Dat erkläeren de Sänger Steven an de Bassist Julien am Interview, deen dir an dëser Editioun vum Metal Meltdown héiert. Dës Weidere schwätze si wéi bei hinnen alles ugefaangen huet, a wéi si hir Musek eigentlech selwer gesinn, a wéi dës zustane kënnt.

Release vun der Woch: Leprous - Live At Rockefeller Music Hall (8/10)

Ech hu Leprous leider nach net live gesinn, dofir sinn ech ëmsou méi frou, dass si beim Devin Townsend Project an der Rockhal dat nächst Joer am Januar dobäi wäerte sinn. A fir mer am Virfeld vun deem Concert awer eng Iddi ze maachen, wat op mech duerkënnt, hunn ech mer hiren neiste Live Album Live At Rockefeller Music Hall ugelauschtert.

D’Setlëscht besteet virun allem aus Material vun hiren zwee rezentesten Albumen Coal an The Congregation; an doduerch dass déi zwee Aabume qualitativ extrem gutt sinn an am Fong nahtlos anenee kënnen iwwergoen, passt dat wéi d’Fauscht op d’Aen. A genee sou wéi dat och bei de Studio Albumen de Fall ass, ass et och bei der Performance op dësem Live Album esou, dass Leprous Schichte vu verzwickter an deels komplizéierter awer net ze vill komplexer Musek maachen, bei där een net onbedéngt wëll matsprangen a moshen, mä vun där ee gefesselt gëtt an ee gefuerdert gëtt, beim Nolauschteren opzepassen.



Déi fantastesch präzis an intensiv Performance vun der Band dréit do natierlech och hiren Deel dozou bäi. D’Band spillt quasi keng Feeler an d’Vocals sëtzen och perfekt, an dat sinn zwee Elementer, déi bei där Zort vu Musek dach relativ wichteg sinn. Extra gutt war op dësem Concert och, dass d’Band fir déi meescht Songs en zweeten Drummer op der BPhn hat, wat d’Musek op en nach méi héijen Niveau bruecht an de Sound nach méi voll gemaach huet.

Ee vun den Highlighte vum Album, dee mer grad héieren hunn, a wou och zwee Drummere benotzt ginn, ass de Song Contaminate Me, wou de Frontmann vun de Black Metal Legenden Emperor, den Ihsahn mat op der Bühn stoung fir Gittar ze spillen an ze sangen a wou e Gaascht-Violinist de Line-Up komplett gemaach huet.

Live at Rockefeller Music Hall ass e glorräicht musikalescht Meeschterwierk, wat un Intensitéit wuel just nach vu Leit wéi dem Devin Townsend kann iwwertraff ginn.. Dofir freeën ech mech ëmsou méi, dass Leprous als Virband vum Devin Townsend Project den 30. Januar 2017 dobäi sinn..

Playlist

Judas Priest - Locked In (Turbo; CBS; 1986)

Accept - Restless & Wild (Restless & Wild; Nuclear Blast; 2017)

Decipher - Morbid Dreams (Intuition, Independant; 2016)

Immolation - Destructive Currents (Atonement; Nuclear Blast; 2017)

Kreator - Satan Is Real (Gods Of Violence; Nuclear Blast; 2017)

Ex Deo - The Rise Of Hannibal (The Immortal War; Napalm; 2017)

Leprous - Contaminate Me (Live At Rockefeller Music Hall; Inside Out; 2016)

Sepultura - Phantom Self (Machine Messiah; Nuclear Blast; 2017)

Episoden