Radioen

On air

Concert  |  La harpe fantastique

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Nailed To Obscurity & Ranger

Nailed To Obscurity & Ranger

Nailed To Obscurity

Och kleng a jonk Plackefirmae kënnen engem hëllefen, um Wacken ze spillen. Déi Erfahrung hunn z. B. Nailed To Obscurtiy mam relativ jonke Labe Apostasy Records gemaach. Dat war eng vun den Aussoen aus dem Interview mat der jonker däitscher Band, deen et dës Woch am Metal Meltdown gëtt. Nailed To Obscurity si bei Apostasy Records, e Label, deen eréischt 2011 gegrënnt gouf an nach guer net vill Bands gesigned huet. Den 3. Februar kënnt hiren 3. Album King Delusion och nees iwwert dëse Label eraus. Am Interview mam Sänger Raimund a mam Gittarist Jan-Ole gi mer nieft den Detailer iwwert hiren neien Album och op d’Produktioune vun de virëschten Albume mam Jörg Uken aus dem Soundlodge Studio a mam Lasse Lammert an.

Release vun der Woch: Ranger - Speed & Violence (7/10)

Eng Band, déi vläicht nach net grad jidderee kennt, déi awer definitiv Opmierksamkeet verdéngt huet, obwuel se eigentlech guer net sou originell sinn. Dat wat se onoriginell maachen, maache se nàmlech zimlech gutt. Riets geetvu Ranger, enger finnescher Thrash-, respektiv Speed Metal Band, déi sech 2009 gegrënnt hunn, an Ufank Dezember hiren neien Album Speed & Violence bei Spinefarm Records erausbruecht hunn.

Dass d’Band net ganz originell ass, läit ganz einfach och dorunner, dass si ee ganz bewosst an d’80er zréck geheien. Alles un där Band jäitzt no de Mëtt 80er, sou z. B. um neien Album och de Cover, dee carrément e Ripp-Off ass vun Exciter hirem Album Heavy Metal Maniac. Ma net nëmmen dat.. Och an d’Lidder op der Speed & Violence si ganz kloer en Hommage u Bands wéi Anthrax, Exciter, Onslaught, Razor oder Slayer beaflosst



Natierlech ënnerscheede sech Ranger och an deem engen oder anere Punkt vun hiren Idole vu virun 30 Joer. Sou ass verständlecherweis z. B. d’Produktioun eng ganz aner; ma och d’Aart a Weis, wéi d’Gittariste shredden ass e Krack méi fortgeschratt an inspiréiert, wéi déi vun de Kollegen aus den 80er

Mat hirer Aart a Weis rappen d’Finnen een einfach mat, hir Musek ass mat Energie a Geschwindegkeet gelueden. Et gëtt séier Beats, nasalt Geknouters, Gang Vocals, schéin iwwerluechten Harmonien a Geshredds drop an dowidder

Dass et Ranger also un Originalitéit feelt ass eigentlech guer net esou schlëmm. Spaass maachen se trotzdem, an dovunner kënnt dir iech elo selwer iwwerzeegen, hei si Ranger mat Speed & Violence

Playlist

Desdemonia - Horizon (Same; Independant; 1998)

Warbringer - Hunter Seeker (IV: Empires Collapse; Century Media; 2013)

Nailed To Obscurity - King Delusion (King Delusion; Apostasy; 2017)

Ranger - Speed & Violence (Speed & Violence; Spinefarm; 2016)

Sepultura - I Am The Enemy (Machine Messiah; Nuclear Blast; 2017)

Dark Tranquillity - Faithless By Default (Atoma; Century Media; 2016)

Testament - Neptune's Spear (Brotherhood Of The Snake; Nuclear Blast; 2016)



Episoden