arrow_back_ios
Blue Note
Very young lions - Jazzwonnerkanner
En extrem jonke Pianist, den Joey Alexander, suergt zur Zäit fir Opreegung an der Jazzzeen. Hien huet eréischt 13 Joer, huet schonn zu New York am Lincoln Center gespillt an huet grad säin zweeten Album erausbruecht. Virun enger Dose Joren gouf et scho sou en jazzy Wonnerkand, den Eldar Djangirov. De Jitz Jeitz stellt dës zwee iwwertalentéiert Pianiste vir.