arrow_back_ios
Kultur
The Tales of Hoffmann: opulent Barock-Biller a rout Hoer
De Martin Scorsese héchstperséinlech huet sech jorelaang dofir agesat, datt "The Tales of Hoffmann", déi opulent Opereverfilmung duerch de Michael Powell an den Emeric Pressburger, sollt restauréiert ginn. 2014 konnten déi prächteg Technicolor-Faarwen, an de ganze Rescht vum Kitsch a Pomp (awer am positive Sënn), bei Venice Classics nees opliichten. An der Cinémathéik kann ee sech de 14. Dezember dem Spektakel (net zulescht vun der Moira Shearer hire rouden Hoer) higinn. D'Cléo Thoma mat Detailer.