Radioen

On air

Concert  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Debutalbum vun Decipher

Debutalbum vun Decipher

Release vun der Woch: Decipher - Intuition (8,5/10)

Et gëtt eng nei Band um Lëtzebuerger Prog Himmel, op deem bis elo Retrace My Fragments zimlech alleng stoungen. Decipher nennt sech déi jonk Band, et gëtt se zënter 2012 an e Freideg, de 16. Dezember brénge si hiren Debutalbum "Intuition" eraus. Allerdéngs net op enger Release Show, mä op enger Listening Party am Rocas an der Stad.

Decipher beschreiwe sech selwer als Progressive Death Metal mat engem Twist. Op si lo deen Twist gemengt hunn, deen ech beim lauschtere selwer festgestallt hunn, weess ech net, mä op dee komme mer nach ze schwätzen.

Den Album "Intuition", wat iwwregens ee Konzept Album ass, fänkt ganz atmosphäresch a bësse spaceg un, iert clean a verzerrt Gittare parallel mat engem djentege Riff mat Fills niewelaanscht den allgemengen Toun vum Album uginn, passend dozou Screams a Growls. Dës Formel ass déi, déi méi oder manner um ganzen Album bäibehale gëtt, et gëtt vill Gepompels, ëmmer nees schéi clean Fills an och déi atmosphäresch Elementer am Hannergrond gi bäibehalen. Ma dobäi bleift et net. Am Laf vum Album kommen ëmmer nees méi Elementer bäi, wéi z. B. Genuddels op der Gittar, wéi een et och vu Retrace kennt.



An am Géigesaz zum Opener "The Alchemist", deen a Punkto Songwriting éischter wéi e laangen Intro wierkt, kréien d’Lidder no an no och ëmmer méi Struktur, entwéckele sech weider, hunn duerch Tempo-Wiesselen an ënnerschiddlechem Sound zimlech vill Dynamik, a bréngen et fäerdeg, ee mat ze rappen an engem d’Gefill ze ginn, wéi wann een effektiv op der Rees a sech selwer wier. Wann ech dat richteg verstanen hunn, ass déi eegen Intuitioun och bëssen d’Konzept vum Album, dohir och den Numm.

Den Twist, vun deem d’Band schwätzt, ass op dësem Album wuel de Fakt, dass et och clean Vocals gëtt. U sech näischt Aussergewéinleches fir eng progressiv Band. Allerdéngs ass et hei net de Sänger selwer, dee clean séngt, mä eng wonnerbar weiblech Stëmm, nämlech déi vum Anna Felke, wat soss éischter am Pop-Beräich aktiv ass.

Dëse Song, dee sech "Soulbound" nennt, ass awer och den enzege wou et sou lues hirgeet, duerno geet et nees a gewinnter progressiver an atmosphärescher Death Metal Manéier virun, bis den Album am Closer "L’Or Bleu" säin Héichpunkt fënnt, an Decipher nach emol weisen, wat si alles kënnen, a sech och bëssen am neo-klassesche Metal beweegen.

Alles an allem ass "Intuition" een extrem gelongenen Debut. Decipher erfannen d’Rad vum Progressive Metal net gaz nei, ginn deem ganze mat der wonnerbarer Atmosphär awer eng frësch Nues.

Playlist

Entombed - Stranger Aeons (Clandestine; Earache; 1991)

Anaal Nathrakh - We Will Fucking Kill You (The Whole Of The Law; Metal Blade; 2016)

Sublind - Humpeknupper (Thrashing Delirium; Independant; 2014)

Stone Sour - Zzyxz Rd (Come What(ever) May; Roadrunner; 2006)

Decipher - L’Or Bleu (Intuition; Independant; 2016)

Allegaeon - All Hail Science (Proponent For Sentience; Metal Blade; 2016)

Clutch - The Regulator (Blast Tyrant; DRT; 2004)

Uranus Front - Happy Schleppy (Love Is The Tender Prey Of Betrayal; Independant; 2012)

Pantera - I’m Broken (Official Live: 101 Proof; East West; 1997)

Metallica - Confusion (Hardwired ...To Self-Destruct; Blackened; 2016)

Episoden