arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Jean-Marc Kieffer
Et gëtt de Moment vill gebaut zu Lëtzebuerg. Mee heescht dat och, datt et de Betriber aus dem Bausecteur gutt geet? Dat freet d'Christiane Kleer de Jean-Marc Kieffer, den neie President vum Groupement des Entrepreneurs du Bâtiment et des Travaux Publics. De Member vun der Fedil vertrëtt déi grouss Entreprisen aus dem Haiser- a Stroossebau. Weider Theme sinn de Congé collectif, d'Aarbechtsaccidenter an d'Schwaarzaarbecht.