Radioen

On air

Concert  |  La harpe fantastique

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Inzest & Fire

Inzest & Fire

Inzest

Inzest ass eng nei Lëtzebuerger Black Metal Band. An der leschter Episod vum Metal Meltdown konnt dir well hiert éischt Lidd lauschteren. Dës Kéier héiert dir en Interview mat der Band, an deem si erklären, wéi mat Inzest alles ugefaang huet, wat ee sech vun hinnen erwaarde kann, a wéi trve si wëlle sinn..

Release vun der Woch: Fire - Save Me (7/10)

Mir komme bei eng Band, déi dir héchstwahrscheinlech nach net kennt. An och ech hu se am Fong éischter zoufälleg kennegeléiert. Nämlech um Sonic Visions. D’Band war zwar net als solch präsent ma ee Professionellen, deen ech do kennegeléiert hunn, ass Gittarist vun där Band. An doropshin hunn ech mer se mol ugelauschtert, a festgestallt, dass se guer net sou schlecht ass, virausgesat et ass een e Frënd vu klasseschem Old School Metal.

A mat genee deene Wierder beschreift sech d’Band, déi sech ganz einfach Fire nennt, och selwer. Ma och Frank Zappa, Deep Purple oder Punk Museker zielen déi 4 Hamburger zu hiren Aflëss. D’Mëschung, déi dobäi erauskomm ass, kléngt relativ epesch, dat allerdéngs net, well d’Musek majestätesch wier an een därmoosse befliggelt, mä well der Kreativitéit fräie Raum gelooss gëtt an d’Instrumenter d’Méiglechkeet kréien, sech ze entfalen.

D’Aflëss sinn dobäi zwar schonn erauszehéieren, mä et ass net sou wéi wann déi ganz Mëschung géif kopéiert kléngen.



En Album huet d’Band leider nach net dobaussen, sou wéi si an hirer Bio erklären hätte si et opginn iergendengem eppes beweisen ze wëllen, a maachen dowéinst ganz einfach wat se wëllen, an dat och an hirem eegene Rhythmus. Sou ass no 13 Joer Bandgeschicht an enger Demo 2015 eréischt eng éischt Duebel-Single erauskomm.

Déi zwee Lidder "Save Me" an "The King Is Dead" sinn am Fong zwou Hymnen, déi ganz natierlech kléngen an net iwwerproduzéiert sinn, sou wéi dat bei moderne Bands dacks de Fall ass. Och dat dréit natierlech dozou bäi, dass Fire no sech selwer, an net kopéiert kléngen.

D’Stécker sinn iwwerdeems och gutt geschriwwen. Interessant Melodien an eng souverän Presentatioun lueden den Nolauschterer an, d’Lidder puer mol hannereneen ze lauschteren. An den Titelen stieche vill Klengegkeeten, si sinn heavy do wou si et si sollen, d’Soloe si flott gemaach an dobäi hu Fire och nach e Sänger, deen zum Deel bëssen un de Frontmann vun Avenged Sevenfold erënnert, ma deen awer och méi ka wéi just dat.

Fire dierften also virun allem Leit interesséieren, déi op klassesche Metal stinn, deen awer originell an interessant dohir kënnt.

Playlist

Sepultura - Roots Bloody Roots (Roots; Roadrunner; 1996)

Armored Saint - Aftermath (Carpe Noctem; 2015; Metal Blade)

Inzest - I Pessimist Suicide (Single; Independant; 2016)

Black Anvil - May Her Wrath Be Just (As Was; Relapse; 2017)

Killswitch Engage - Cut Me Loose (Incarnate; Roadrunner; 2016)

Kataklysm - The World Is A Dying Insect (Of Ghosts And Gods; Nuclear Blast; 2015)

Fire - Save Me (Save Me; Independant; 2015)

Blind Guardian - Children Of The Smith (Single; Nuclear Blast; 2016)

Ensiferum - Axe Of Judgement (One Man Army; Metal Blade; 2014)

Episoden