arrow_back_ios
Kultur
vod.lu-Adventskalenner Dag 1: Merci Patron!
Den Optakt vum vod.lu-Adventskalenner, bei deem mer de ganze Mount iwwert d'Filmselektioun vu vod.lu kucken, mécht déi militant Doku-Komedie "Merci patron!" vum François Ruffin. Dëse Film war bis op eng Virstellung virun e puer Woche guer net zu Lëtzebuerg am Kino ze gesinn. Den Tom Dockal huet dëst awer elo nogeholl.