arrow_back_ios
Kultur
Goldberg-Variationen
"Goldberg-Variationen" ass e Stéck vum Georg Tabori, vollgepaakt mat Witz, Wourecht, bibleschen Allusiounen, politesch net korrekt, a vermëscht mat enger ganzer Portioun Humanismus. Dëst erwaart Iech am Escher Theater. Et ass eng Koproduktioun vum Theater aus der Minettsmetropol an dem Nationaltheater Radu Stanca aus Rumänien. Béid Theatere verbënnt zanter scho bal 10 Joer méi wéi just dramatesch Zesummenaarbecht. De Jean-Claude Majerus informéiert.