Konferenzen
Von "Dr. No" bis "Goldeneye"
60 min
Der Kalte Krieg im Spiegel der James-Bond Filme. E Virtrag vum Historiker Yves Steichen
Deen éischte Film aus der Bond-Serie, “Dr. No”, ass um Héichpunkt vun der Kuba-Kris am Oktober 1962 erauskomm. Bis zum endgültegen Zesummebroch vun der Sowjetunioun 1991 goufen eng weider fofzéng Bond-Filmer produzéiert. D’Missioune vum 007 hate sech während Joerzéngten an der zwee gedeelter Welt ofgespillt, déi vun ideologesche Konflikter tëschent den USA an der Sowjetunioun gepräägt waren. Dëse geopolitesche Kontext a seng Themen - Spionage, Sabotage, atomar Oprüstung, d’Eruewerung vum Weltall asw - haten an de Bond-Filmer regelméisseg hire Kader. Enregistréiert den 22.9.16 am MNHA am Kader vun der Ausstellung: "La guerre froide au Luxembourg 1947-1991" a verschafft vum Carlo Link.