Konferenzen
Un golden age pour les communistes luxembourgeois?
60 min
Le Parti Communiste Luxembourgeois (PCL) au Gouvernement d’Union nationale (1945-1947). E Virtrag vun der Historikerin, Stéphanie Kovacs
Wéi bei de Wahle vun 1945 déi éischte Kéier a senger Geschicht déi Kommunistesch Partei (KPL) an enger Regierung vun nationaler Eenheet mat regéiere konnt, gouf et Euphorie, Begeeschterung a Hoffnungen an der Partei. Gläichzäiteg hat KPL op Gemengenniveau zu hire Gonschten eng Wahl-Flutwell ausgeléist. Den Dr. Charles Marx (1903-1946), deemolege Gesondheetsminister an den Arthur Useldinger (1904-1978), Buergermeeschter vun Esch-Uelzecht waren déi nei Gesichter vun der KPL. Hellt d’KPL am Kontext vum Kale Krich de Risiko an deklaréiert wéi gewinnt seng Trei zur Sowjetunioun, oder am Géigendeel, spillt Partei d’Kaart vun der Virsiicht, andeems si hir Politik upasst am Sënn vun der Realpolitik vum Moment? Enregistréiert den 13.10.16 am MNHA am Kader vun der Ausstellung: "La guerre froide au Luxembourg 1947-1991" a verschafft vum Carlo Link.