arrow_back_ios
Blue Note
Back to the Roots
Eng vun den wichtegste musikalesche Beweegungen aus dem leschte Joerhonnert war d'Renconter tëscht der afrikanescher an der europäescher Musekskultur. Et ass an Amerika, wou vill Immigranten aus Europa a fréier Sklaven aus Afrika gelieft hunn, wou dës wichteg Renconter Fouss gefaasst huet. Den Jazz grad sou wéi verschidde südamerikanesch Museksstiler sinn hei entstanen. De Marco Reusch mécht e musikaleschen Ausfluch an d'Geschicht vum Jazz, beliicht awer och, wat den Jazz an Afrika hannerlooss huet.