Radioen

On air

Concert  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Opeth, Inzest & Primordial

Opeth, Inzest & Primordial

Opeth

Wat war dee Concert sou gutt. Opeth hunn de Mëttwoch, 23. November 2016 de ganzen Atelier zum schwäerme bruecht. Souwuel mat deenen neie Lidder, déi extrem gutt ukomm sinn, wéi och mat ale Klassiker vun de fréieren Albumen, wéi z.B. mat engem vu mengen éiwege Favoritte "Face Of Melinda", "Deliverance", "Windowpane", "Ghost Of Perdition", "Demon Of The Fall" oder "The Drapery Falls". Et gouf vill magesch Momenter an d'Freed vun de Fans stoung deene meeschte richteg an d'Gesiicht geschriwwen.

Virum Concert e Mëttwoch hat ech d'Geleeënheet mam Mastermind hannert der Band a Frontmann Mikael Akerfeldt ze schwätzen. Dobäi huet hien ënnert anerem erkläert, firwat hiren neien Album senger Meenung no bis elo esou gutt ukomm ass, obwuel en nach ëmmer bëssen an deem 70er Prog Rock Stil gehalen ass, mat deem sou vill Fans Schwieregkeeten haten, wéi hie sech dann elo mat sengem reng cleane Gesank weider entwéckelt huet, wéi hien et fonnt huet, um Piano dierfen ze spillen, op deem de Freddy Mercury deemools Bohemian Rhapsody opgeholl hat, oder wéi beandrockt hie vu sou schéine Venues, wéi der Royal Albert Hall oder dem Sydney Opera House ass.

Inzest

Inzest, dat ass eng nei Lëtzebuerger Black Metal Band, déi witzegerweis um Bricherhaff prouft, an domat zu de sougenannten Inzest Bands gehéiert, wéi si sech ëmmer nennen. An et ass effektiv och Programm, well mat dobäi sinn de Rol um Bass a Gesank, deen och bei Sublind spillt an d'Vero, dat gläichzäiteg Drummerin bei Kraton ass. Komplett gemaach gëtt déi nei Band duerch d’Gittariste vun der fréierer Band Mechanical Eye Sascha Urban a Christian Reischel. Dat hei ass en éischt Lidd, dat si viru kuerzem op Youtube verëffentlecht hunn:



Album vun der Woch: Primordial - Gods To The Godless (7/10)

Primordial gehéieren zu de wéinege Bands, déi ech leider nach ëmmer net live gesinn hunn. Dofir war ech ëmsou méi frou, datt elo en neie Live Album erauskoum, nodeems jo well 2010 eng Live DVD verëffentlecht gouf. Op "Gods To The Godless", de Live-Album, deen haut via Metal Blade erauskoum, hunn d'Iren hiren Optrëtt um Bang Your Head Festival an Däitschland d'lescht Joer festgehalen an deen Album esou ze héieren, ass bal grad esou gutt, wéi selwer do gewiescht ze sinn. A mat esou engem schéine Live-Album kann een den Event ëmmer an ëmmer nees nei materliewe an e gëtt mat all Duerchlaf besser.

Gebuede kréie mer op "Gods To The Godless" 11 premium Stécker aus der Zäit vu Primordial, déi een an dësem Set just als monstréis ka bezeechnen. D'Live-Album Versioun vun esou epesche Stécker wéi "Where Greater Men Have Fallen" oder "As Rome Burns" léist bei mir grad esou Héngerhaut aus, wéi wann ech effektiv live dobäi gewiescht wier:

Ma bei sou engem Live Album ass et natierlech net nëmmen d'Musek eleng, duerch déi een an d'Live Atmosphär kann andauchen. Och d'Gejäitz an d'Geklapps vun de Fans oder och nach d'Geschwätz vun de Bandmemberen tëscht de Stécker droen hiren Deel dozou bäi, datt ee sech fillt, wéi wann ee mat dobäi wier. A Primordial beweisen, datt si eng exzellent Live Band sinn, déi wëssen, wéi ee mat sengem Publikum ëmzegoen an eng wonnerbar Performance ofzeliwweren huet.



Eppes, wat dem Album weidere Charakter gëtt, ass de Fakt, datt Feeler an onproppert Spillen net ewech gemixt goufen, mä datt alles genau esou um Album ze fannen ass, wéi et wuel gespillt gouf. Natierlech huet ee keng Garantie, datt effektiv all gespillte Feeler um Album ass, ma doduerch, datt ee mierkt, datt verschidde Feeler drop sinn an datt d'Band net ëmmer 100% am Takt ass, ënnerstëtzt d'Gefill, datt een effektiv engem Live-Concert nolauschtert, natierlech enorm

Dat selwecht gëllt och fir de Sound vum Album. Wou d’Gittaren net ëmmer kristallkloer, dofir awer dynamesch an natierlech kléngen an dem Alan säi Gesank mat Kraaft iwwert der Musek läit, sou léisst de Sound vun der Batterie effektiv bëssen ze wënschen iwwreg. Mä och dat ass ebe Live, do kann een net ëmmer alles sou ophuelen, wéi an engem Studio.

Playlist

Opeth - Face Of Melinda (Still Life; Peaceville Records; 1999)

Inzest - Murderer (Single; Independant; 2016)

Opeth - Sorceress 2 (Sorceress; Moderbolaget / Nuclear Blast; 2016)

Sister - Carved in Stone (Stand Up, Forward, March!; Metal Blade; 2016)

Primordial - The Alchemists Head (Gods To The Godless; Metal Blade; 2016)

Opeth - The Drapery Falls (Blackwater Park; Roadrunner; 2001)

Episoden