Kultur
Centre Pompidou Metz: Schlemmer, Schätz a Konscht, déi verschwënnt
“Wat mech interesséiert, ass Territoiren an Institutioune mateneen a Resonanz ze bréngen”, seet d’Emma Lavigne, zënter zwee Joer Direktesch vum Centre Pompidou Metz. Dat weist sech an deene géigewäertegen Ausstellungen, an deene virun allem däitsch Kënschtler staark present sinn. Sief dat den Oscar Schlemmer, wichtege Vertrieder vum Bauhaus, deen an den 20er an 30er Jore vum leschte Joerhonnert am Beräich vum Danz a vun der Konscht innovéiert huet. Oder sief et Schätz aus dem Saarlandmuseum, déi ënnert dem Titel "Entre Deux Horizons" op 100 Joer, deels gemeinsam (Konscht)-Geschicht zréckblécken dinn. Parallel zu dësen zwou Expoen proposéiert de Centre Pompidou Metz eng thematesch Ausstellung iwwerschriwwen "Un musée imaginé. Et si l'art disparaissait?". D'Verschwanne vun der Konscht ass eng essentiell Fro, déi eis beschäftege muss, seet d'Emma Lavigne. D'Cléo Thoma huet mat hir geschwat.