Kultur
Parthenon of Books fir d'Documenta 14
Den Tempel Parthenon op der Athener Akropolis huet Baussemoosse vun 31 op 70 Meter a gëtt charakteriséiert vun sengen 10,5 Meter héije Sailen aus Marber. En impressionnant Bauwierk wat ästhetesch a politesch den Ideal vun der éischter Demokratie duerstellt. "Demokratie ouni Bicher ass keng Demokratie" - seet déi argentinesch Kënschtlerin Marta Minujín, déi schonn 1983 e Bicherparthenon zu Buenos Aires opriichte gelooss hat. Deemools huet d'Minujín d'Installatioun vun engem Metallgerüst a Form vum Athener Parthenon mat Bicher behaangen, déi an der Zäit vun der argentinescher Militärdiktatur verbuede waren. Fir d'documenta 14 2017 zu Kassel gëtt dës Installatioun widderholl a jiddereen ka sech bedeelegen. Hannergrënn vum Nathalie Bender.