arrow_back_ios
Kultur
Peter Handke: Vor der Baumschattenwand
"Vor der Baumschattenwand nachts" ass net nëmmen e sproochlecht ausgefeiltent Wierk, et deet de Lieser och fir de Moment vun der Lecture déi arodéiert Zäitstrukture wéi d’Beschleunegung, wéi d'Ausdehnung vun der Gläichzäitegkeet op all Ongläichzäiteges vergiessen. Dee schonn neuroteschen Zwang eppes Neies bidden ze mussen, wéi et den däitsche Gesellschaftstheoretiker Niklas Luhmann ausgedréckt huet, gëtt beim Peter Handke carrément kuerzgeschloss. Eng Buchkritik vum Léon Rinaldetti.