Radioen

On air

Concert  |  La harpe fantastique

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Bang Your Head, Sleepers' Guilt & Metallica

Bang Your Head, Sleepers' Guilt & Metallica

Bang Your Head X

Den nächste Weekend geet eng 10 Joer al Traditioun op en Enn. De Bang Your Head Festival an der Kufa geet a seng zéngt an och a seng lescht Editioun. Den David Wagner schwätzt mam Organisateur Ken Pletschet iwwert de Grond vun dëser Entscheedung, den Ufank vum beléifte Festival, seng Entwécklung an natierlech och iwwert d'Editioun dëst Joer.

Sleepers' Guilt

Hutt der den neiste Video vu Sleepers' Guilt eigentlech well gesinn? Fir "Not for Words", en Titel vum aktuelle Sleepers’ Guilt Album "Kilesa", deen am Abrëll dëst Joer erauskomm war, gëtt et elo e Playthruogh Video fir d'Gittar:



Album vun der Woch: Metallica - Hardwired... To Self-Destruct (8,5/10)

Wann Dir Metallica Fans sidd, dann hutt der hiren Album jo wahrscheinlech well héieren. Si hu jo carrément fir all Lidd vun "Hardwird … To Self-Destruct" e Video erausbruecht, an den Album war och well virun enger Woch geleaked.

An ech muss soen, en ass e gutt Stéck besser ginn, wéi ech et erwaart hat. Nodeems si an den 90er Joren hir Fanbase mat "Load" a "Re-Load" an zwee gedeelt hunn, an duerno net méi vill erauskoum, wat wierklech all Fan iwwerzeegt huet, dierft et bei dësem Album nees anescht sinn. Graff resuméiert kann ee soen, datt "Hardwired … To Self-Destruct" Riffer vu fréier, d’Heaviness vum "Black Album" an d'Rock Elementer aus der "Load" a "Re-Load" Zäit matenee verbënnt. An déi eenzel Lidder hätte grad esou gutt op verschidde fréier Albume gepasst, wann d'Produktioun anescht wier. Den Opener "Hardwired" passt perfekt op "Kill Em All", "Moth Into The Flame" op "... And Justice For All", oder och nach "Dream No More", an deem et nees ëm de Cthulhu geet, op de "Black Album".

An obwuel ee sech d'Lidder um neien Album och op enge sëllechen aneren Albume vu Metallica kéint virstellen, sou wierkt de Songwriting, am Géigesaz zum Virgänger "Death Magnetic" net sou, wéi wann ee sech extrem bei fréiere Riffer inspiréiert an dës just nei agepaakt hätt; obwuel et op "Hardwired ... To Self-Destruct" natierlech och nees eng Parti Elementer gëtt, un deenen ee ganz genee erkennt, wien d’Riffer geschriwwen huet, nämlech Hetfield an Ulrich.



Ma net nëmmen doran hu sech Metallica nees bësse weider entwéckelt. Och den James ass mat senger Stëmm nees amstand méi ze maachen, wéi just déi ganzen Zäit an där selwechter Tounlag ze sangen a bréngt um neien Album nees vill méi Melodie mat an d’Spill a glécklecherweis kléngt seng Stëmm duerch eng besser Produktioun och e gudde Krack méi interessant, wéi op der "Death Magnetic".

Wat op "Hardwired ... To Self-Destruct" awer leider feelt, si richteg gutt Soloen. Dacks kommen engem d’Soloe forcéiert vir, well een ebe grad op där Plaz e Solo wollt hunn, mä et gouf sech wéineg Gedanken iwwert Progressioun an Emotioun gemaach, sou datt et sech bei deene meeschte Soloen einfach nëmmen ëm 0815 Genuddels handelt.

Dovunner ofgesinn ass "Hardwired ... To Self-Destruct" awer effektiv deen Album, op deen d’Fans wuel zënter dem "Black Album" gewaart hunn. Gudde Songwriting; et ass en Album mat engem gesonde Mix aus séieren aggressiven a méi heavy mid-tempo Stécker, mat vill Melodie a guddem Gesank. Dat eenzegt, wat den Album hätt kënnen NACH besser maachen, wiere besser Soloen. D'Produktioun ass och och sou eng Saach. Op Youtube hate sech jo Leit amuséiert, déi nei Lidder an engem al bekannte Sound, z.B. vun der "... And Justice For All" oder der "Ride The Lightning" ze spillen, an do hu mer d'Lidder NACH besser gefall, mä dat ass jo alles eng Geschmackssaach.

Playlist

Bullet For My Valentine - Intro + Her Voice Resides (The Poison; Visible Noise / Trustkill; 2005)

Children Of Bodom - My Bodom (I Worship Chaos; Nuclear Blast; 2015)

Exodus - Battle Of The Bays (Blood In, Blood Out; Nuclear Blast; 2014)

Benighted - Versipellis (Necrobreed; Peaceville Records; 2017)

Devilment - Full Dark, No Stars (Devilment II: The Mephisto Waltzes; Nuclear Blast; 2016)

Sleepers’ Guilt - Not For Words (Kilesa; Independant; 2016)

Metallica - Dream No More (Hardwired... To Self-Destruct; Blackened; 2016)

Testament - The Pale King (Brotherhood Of The Snake; Nuclear Blast; 2016)

Opeth - Straneg Brew (Sorceress; Nuclear Blast; 2016)

Episoden