arrow_back_ios
Kultur
De schéine Männchen am TNL
Ee Mann tëschent der eegener Fra an der Schwéiermamm. D'Liewen ass ganz gemittlech a kamoud, bis et zu enger mëttelgrousser Katastroph kënnt an dat harmonescht Zesummeliewen op d'Kopp stellt. D'Monique Reuter, d'Brigitte Urhausen an de Marc Baum weisen an dëser turbulenter Farce, wéi séier e gewinnte Liewenskader zesummebrieche kann. D'Stéck vum Guy Rewenig ass och e klengen Hommage un de Lëtzebuerger Schrëftsteller Marcel Reuland. D'Valerija Berdi war an d'Prouwe kucken.