arrow_back_ios
Kultur
De Michel Ciment zum Francesco Rosi (Deel 2)
En Highlight vun der Editioun vum italienesche Filmfestival zu Villerupt war d'Präsenz vum Michel Ciment, deen eng Carte Blanche zum Thema Francesco Rosi hat. Am Gespréich mam Tom Dockal ass hie ganz präzis op d'Wierk vum napolitanesche Realisateur agaangen. Am zweeten Deel z.B. op de Film "Il caso Mattei", op franséisch "L'affaire Mattei" mam Gian Maria Volonte an der Haaptroll. Dee Film zeechent sech duerch e ganz interessanten Ëmstand aus.