Kultur
Man Booker Prize
155 Bicher goufen fir de Man Booker Prize 2016 agereecht, dovu koumen der 13 op d'Long a sechs op d'Shortlist. Wien et bis dohi gepackt huet, kritt op d'mannst 2500 £, also knapp 3000 Euro. Deen Auteur, deem säi Wierk mam Man Booker Prize als dat Bescht Fiktiounswierk vum Joer ervirgehuewe gëtt, kritt nieft de 50.000 £ vill Medienopmierksamkeet a quasi d'Garantie, datt säi Buch sech verkeeft, wéi waarm Wirschtercher. Ma wéi fonctionnéiert dësen an der engleschsproocheger Literaturwelt ganz renomméierte Präis? Déi literaresch Directrice vum Man Booker Price, Gaby Wood, huet bei Geleeënheet vun der Frankfurter Buchmesse mam Direkter vun der FBF, dem Jürgen Boos, iwwer de Booker Präis geschwat. D'Nathalie Bender huet nogelauschtert.