arrow_back_ios
Kultur
Nanni Moretti: selwer am Fokus, awer keng Selbstverherrlechung
"Nanni Moretti, cinéaste-je" heescht déi monografesch Retrospektiv, déi d'Cinémathéik am November an Dezember engem Unikum am Weltkino dediéiert. Mat Erfolleg inzenéiert den italienesche Cineast zënter de 70er Jore Filmer, an deenen hie sech selwer thematiséiert - am Clinch mat der italienescher Gesellschaft. Eng Filmographie iwwer perséinlech Ängschten an Obsessiounen, an eng Radiografie vun Italien. D'Cléo Thoma informéiert.