Radioen

On air

Concert  |  La harpe fantastique

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Hammerfall, In Flames, Vader & Kraton

Hammerfall, In Flames, Vader & Kraton

Hammerfall

D'lescht Woch war den neien Album vun der schwedescher Heavy Metal Band Hammerfall am Review. Dës Woch kënnt hire Sänger zu Wuert an erzielt am Interview ënnert anerem vum positiven Effekt, deen d'Paus, déi d'Band virun zwee Albume gemaach hat, op den neien Album hat. Donieft geet och riets iwwert de Wiessel vum Label, hir nei gewonnen Energie, seng Gesangstechniken an iwwer weider Jubiläumsconcerten, ähnlech wéi deen um Wacken virun zwee Joer, wou se "Glory To The Brave" vu vir bis hanne gespillt haten

1. Album vun der Woch: In Flames - Battles (7/10)

Ech hat et an der Lescht e puer mol gesot, ma eigentlech weess een dat och, wann ee Metal lauschtert: In Flames gehéieren zu de Grënner vum Götheborger Melodic Death Metal, nieft At The Gates an Dark Tranquillity. Ma am Verglach zu deenen aneren zwou Bands hunn In Flames am Laf vun hirer Carrière jo gewalteg Stilbréch gemaach a ware mat hirem leschten Album definitiv am Pop Metal ukomm. Dofir sinn ech vum neisten Album "Battles", deen haut bei engem neie Label, nämlech bei Nuclear Blast erauskomm ass, ëmsou méi positiv iwwerrascht.

Op "Battles" kritt een d’Gefill, dass In Flames sech net nëmme weider entwéckele wëllen, dowéinst ronderëm experimentéieren an doduerch dann op eemol komplett anescht kléngen. Ähnlech wéi Opeth bei hirem 3. Album vun der neier Era "Sorceress" et gemaach hunn, hunn och In Flames op "Battles" nees méi traditionell In Flames Elementer mat era bruecht, wéi z. B. dem Anders Friden seng Screams.

Donieft kléngen och d’Gittaren a Songstrukturen nees bësse méi wéi dat, wat ee fréier vun In Flames gewinnt war. Verschidde markant Riffer oder Licken erënnere souguer u fréier Stécker.



Iwwerhaapt ass géint de Songwriting an d’Riffer, sou wéi och géint d’Soloen absolut näischt auszesetzen. Tracks wéi "Through My Eyes" komme mat richteg gäile Riffer an engem virtuose Solo dohir a souguer dem Friden seng clean Vocals gefale mer bësse besser wéi an der Zäit.

Nach ëmmer anescht wéi fréier gëtt et op "Battles" awer och nees grouss Chorussen, vun deenen een zwar ka behaapten, dass se poppeg sinn, ma déi doduerch extrem catchy sinn an am Kapp hänke bleiwen.

Duerch de ganze Mix aus raue Rifer, grandiose Soloen, flotte Melodien, grousse Chorussen a baladesque Stécker wéi Here Until Forever an tëscht fréieren a méi modernen In Flames Elementer ass mat Battles en Album entstan, dee fir all Zort vu Metal Fan eppes ze bidden huet. Iwwerraschunge gëtt et allerdéngs net wierklech, et gëtt näischt wat den Album zu engem mécht, deen een onbedéngt muss hunn. Ass et en Album, deen objektiv musikalesch gutt ass? Jo, defintiv. Et ass awer keen Album fir deen In Flames Fan, deem säi Lieblingsalbum "Lunar Strain" ass. Ma maacht iech am beschte selwer eng Iddi.

2. Album vun der Woch: Vader - The Empire (8/10)

Ganz am Géigesaz zu In Flames ass Vader eng Band, op déi ass Verlooss. Wann een neie Vader Album erauskënnt, kann ee sech, wann een d’Band kennt, am Fong scho bëssen denken, wat op een duerkënnt. Vader kennt ee fir hir verréckt Geschwindegkeet, Tempowiesselen an den typesche Mix aus Death an Thrash Metal.

A ganz an deem Sënn ass och "The Empire", Vader hiern neisten Album, deen d’lescht Woch via Nuclear Blast erauskomm ass, zimlech straight forward. "The Empire" strotzt nëmme sou vu Geschwëndegkeet, Roserei, brutal Vocals a fulminante Soloen.

Virun allem d’Soloe si wonnerbar an hirer Bëssegkeet an och d’Produktioun ass bis elo dat bescht, wat et jee vu Vader gouf; si ass knackec, propper, schwéier metallesch a passt perfekt bei dee Genre vu Musek.



Ähnlech wéi och well de Crowbar Album, deen ech d’lescht Woch reviewt hunn, ass och "The Empire" vu Vader zimlech eintöneg, an deem Sënn, dass de ganzen Album, op deem d’Lidder iwwregens schéin aneneen iwwerginn (dat huet een entweder gär oder net) eng ähnlech Intensitiét an Energie huet, ouni dass et vill Ofwiesslung gëtt an de Songwriting ass bei de meeschte Lidder zimlech ähnlech. Et ass zwar allkéiers gutt an et gëtt och déy typesch Tempo Wiesselen, ma déi eigentlech Struktur vun de Lidder ass um hallwen Album d’selwecht: Intro mat villem Gedrums, puer fett Riffer, déi zu engem solo féieren an duerno nees zréck bei den Ufank.

Verschidden aner Lidder lackeren déi ganz Saach da bëssen op. Stécker wéi "The Army-Geddon" oder "No Gravity" beweisen dann awer nees wéi exzellent Vader mat enger Rëtsch Sounds, Energie a Struktur kënnen experimentéieren, a sinn eng erfrëschend Ofwiesslung am Verglach zu den anere méi repetitive Stécker.

Fazit ass, dass Vader mat "The Empire" effektiv en Album ofliwweren, wéi een et vun de Pole kann erwaarden. E Meeschterwierk, dee sech mat fréieren Albume ka moossen, ass et allerdéngs net.

Kraton

Kraton hunn e puer Videoe vun hirem Optrëtt um Metalfestival zu Koplescht dëst Joer erausbruecht, nämlech vum Stéck "Hades", wat um éischten Album vun der Band ze fannen ass, vun deenen zwee neie Stéck "Revel In Chaos" an "Drown In My Disgust" a vum Stéck "Unto Arcadia":

















Playlist


Sepultura - Refuse / Resist (Chaos AD; Roadrunner; 1993)

Ravencult - Beneath The Relics Of Old (Force Of Profanation; Metal Blade; 2016)

Hammerfall - The Sacred Vow (Built To Last; Napalm; 2016)

Bullet For My Valentine - Don’t Need You (Single; Spinefarm; 2016)

In Flames - Save Me (Battles; Nuclear Blast; 2016)

Devilment - Hitchkock Blonde (Devilment II: The Mephisto Waltzes; Nuclear Blast; 2016)

Vader - No Gravity (The Empire; Nuclear Blast; 2016)

Kraton - Hades (Ker; Independant; 2011)

Like A Storm - Pure Evil (Like A Storm; Century Media; 2016)

SHVPES - False Teeth 96-24 (Pain, Joy, Ecstasy, Despair; Spinefarm; 2016)




Episoden