arrow_back_ios
Kultur
Vernissage vun der zweeter Luxembourg Art Week
Den 9. November war den offizielle Vernissage vun der zweeter Luxembourg Art Week an de Victor Hugo Halen um Lampertsbierg. 23 Galerien, eng nei “affordable-Art-Fair”-Sektioun an de Salon vum Cercle Artistique deele sech bis de Sonndeg inclus 4.000 m2. Gebuede gi Visite-guidéeën, Konferenzen, Concerten. Uganks der Woch si bei eis d’Organisateuren an d’Galeristen zu Wuert komm, gëschter (9.11.) huet d’Kerstin Thalau mat de Kënschtler diskutéiert.