arrow_back_ios
Kultur
D'Maus Kätti zu Nidderaanwen
D'Geschicht vun der Maus Kätti an der Cousine Mim gehéiert haut zu de Standardwierker vun der Lëtzebuerger Literatur. Virun 80 Joer koum dem Auguste Liesch säi Buch "D'Maus Kätti" eraus an am Kader vum ronne Gebuertsdag huet déi jonk Moudedesignerin Sophie Dewalque eng ganz speziell Oplag vum Buch an aner flott Kreatiounen erausbruecht. D'Karolina Chilinska war d'Ausstellung, déi nach bis den 2. Dezember dauert, op Nidderaanwen an d'Kulturhaus kucken.