Kultur
En Tiger am Rousegäertchen
2001 gouf aus der Arbed, der spuenescher Aceralia an der franséischer Usinor d'Arcelor. 5 Joer huet d'Fusioun gedauert bis eng OPA vu Laikshmi Mittal sengem Konzern lancéiert gouf, fir d'Arcelor ze kafen. Zu Lëtzebuerg gouf et während sechs Méint en Op an Of vun Emotiounen, mam bekannten Enn: aus Arcelor gouf Arcelor-Mittal. Dës markant Lëtzebuerger Causa hunn de Frank Feitler an de Marc Limpach an enger Farce fir d'Bühn verschafft mam Titel "En Tiger am Rousegäertchen". Première ass den Donneschdeg Owend (10.11.16) am Studio vum Groussen Theater. De Jean Claude Majerus mat Detailer.