arrow_back_ios
Kultur
D'Galerien op der 2. Luxembourg Art Week
Tëscht dem 9. an dem 13. November ass déi 2. Luxembourg Art Week an de Victor Hugo Halen um Lampertsbierg. 23 Galerien, eng nei “affordable-Art-Fair”-Sektioun an de Salon vum Cercle artistique deele sech 4’000m2. De Motto vun der Konschtwoch: Accessibilitéit an Dialog tëscht Galeristen, Institutiounen, Visiteuren a Kënschtler. D’Kerstin Thalau wollt vun de Galeriste gewuer ginn, wéi si hir Positioun gesinn.