arrow_back_ios
Blue Note
D'Jazz-Club-Zeen zu New York
headphones
60 min
Lauschteren
play_arrow
Néirens gëtt et esou eng grouss Konzentratioun vun Jazzclubs, Bars a Caféën, wéi zu New York. An och néierens drécke sech esou vill talentéiert Jazzmuseker d'Klensch an de Grapp. Als Auditeur huet ee quasi all Dag Krämpes, fir sech fir eng Show ze decidéieren. De Pol Belardi an de Pit Dahm ginn op déi verschidde Plazen a beliichten d'Geschicht vun deene bekanntste vun dësen hellegen Hale vun der Jazzmusek.