Kultur
Rosch Krieps: 62 aktiv Journaliste-Joren
8 min
De Journalist an Auteur Rosch Krieps, deen am Januar 2016 seng 90 Joer krut, fréiere Redakter an der Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land a fräie Mataarbechter vun enger Rei aneren Zäitschrëften, huet e Freideg (4.11.16) seng nei Publikatioun ënnert dem Titel: "Denkwürdigkeiten eines bewegte Journalistenlebens" an der Zentral vun de Jugendherbergen, déi hire Sëtz am Pafendall huet, virgestallt. Den Auteur vun ë.a. 25 Bicher a gréissere Bäiträg, kann op 62 aktiv Journaliste-Joren zréckkucken, déi sech am neie Buch ofwiesslungsräich erëmspigelen. De Carlo Link war bei der Presentatioun derbäi an huet sech mam Rosch Krieps iwwer säin neit Wierk ënnerhalen.