Radioen

On air

Concert  |  La harpe fantastique

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Sonic Visions, Hammerfall & Crowbar

Sonic Visions, Hammerfall & Crowbar

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Sonic Visions

Wéi kënnt een als Band eigentlech op de Wee, fir lues awer sécher och international méi Fouss ze faassen? Wéi maachen ech iwwerhaapt op mech opmierksam, a wéi wichteg ass Networking am Musek-Business, wann ech eppes erreeche wëll? Alles dat si Froen, déi ee sech als Band mol stellt. Ënnert anerem op déi Froen gëtt et op der Konferenz Sonic Visions den nächste Weekend an der Rockhal eng Äntwert, wou ee gewuer gëtt, wéi de Business funktionéiert a wou och vill Leit aus dem Business op der Plaz sinn (10.-12. November 2016). Detailer heizou gëtt et am Interview mam Chef vum Rocklab, Sam Reinhard.

Mindpatrol

Mindpatrol hunn nees en neie Video erausbruecht, an zwar e Lyric Video vun hirem Lidd "Crown Of Thorns", wat op hirem aktuellen Album "A Marble Throne" drop ass, dee virun engem Joer erauskoum. Fir de Video hunn déi jonk Lëtzebuerger Videomaterial vun hirem Optrëtt op der Release Party vun Awaiting Downfal benotzt.



1. Album vun der Woch: Hammerfall - Built To Last (6,5/10)

An eisem éischte Review vun haut geet et ëm eng Band, déi sech an den 90er Jore gewiert huet, mat der Mass matzegoen an déif gestëmmte Gittaren ze benotzen. Mat hirem Heavy - respektiv Power Metal hu si an Zäite vun Nu-Metal an natierlech och dem Ufank vum Melodic Death Metal, en Zeeche gesat, datt sech och mat Standard - an och mat nach méi héijem Tuning, Musek maache léisst. Am Ufank war et just en Nieweprojet vu Membere vun In Flames an Dark Tranquillity a vum fréiere Gittarist vu Ceremonial Oath, ma an der Tëscht hunn Hammerfall 10 Albumen dobaussen, dee leschten an der Rei "Built To Last" ass de 4. November 2016 via Napalm Records erauskomm.

Op "Built To Last" beweisen Hammerfall nees, datt si wëssen, wat se maachen. Wéi gewinnt gëtt et vum Oscar Dronjak a vum Pontus Nogren wonnerbar harmonesch Momenter op der Gittar an de Joacim Cans séngt sou staark wéi ëmmer, wann net esouguer sou gutt, wéi nach ni virdrun.

Wa "Bring It!" vun Ufank vum Album u gedonnert kënnt, weess ee genee, wou een drun ass, de Rhythmus vun der wuel neister Hymn vun Hammerfall, "Hammer High" erënnert ee liicht u fréier Accept Material an "Twilight Princess" ass eng tight Power Ballad, ouni ze vill kitscheg ze sinn.



Den Drock, d’Dynamik, d’Energie an de Power op "Built To Last" passen an Hammerfall benotzen déi Formel, déi se well zënter Jore benotzen, experimentéieren also net vill a kléngen trotzdem frësch a modern. A wéi och soss gëtt och alt mol méi lues getrëppelt, wéi z.B. bei "The Sacred Vow" a "Second To None".

Leider ass et awer sou, datt op "Built To Last" vill Material ass, wat net méi immens originell kléngt. Kloer ass dat ëmmer e Risiko, wann s de deng Grondformel net änners, sou wéi och Iron Maiden oder AC/DC, mä hei kléngen Hammerfall effektiv bëssen ze dacks sou, wéi wa si sech ze vill bei entweder sech selwer oder bei aneren inspiriéiert hätten ...Schued.

Dës Weidere fannen ech d'Texter op "Built To Last" och extrem pupeg an e bëssen ze platt, quasi wéi wann e Kand aus der Primärschoul, mat Grondkenntnisser am Engleschen se geschriwwe gehat hätt. Och dat ass Schued, do hunn ech Hammerfall schonn a besserer Form erlieft. An awer ass et e coolen Album, deen Hammerfall Fans a Power Metal Fans dierft gefalen.

2. Album vun der Woch: Crowbar - The Serpent Only Lies (8/10)

Och wann de Crowbar Mastermind Kirk Windstein vill dat aalt Material vu senger Band gelauschtert huet, fir nees an de Mindset ze kommen, deen d’Band deemools hat, kléngt "The Serpent Only Lies", deen den 28. Oktober 2016 bei E1 Music erauskoum, am Endeffekt méi no sengem Virgänger, wéi no de fréiere Wierker.

Wann et fréier virun allem vill dreckeg Verzerrung gouf, an Nouten, déi richteg viru sech hi gedrëpst sinn, leeën d'Gittaren um neie Crowbar Album éischter Wäert op fett Gittaren a Groove.

Vill Ofwiesslung gëtt et am Ufank bei "Falling While Rising" oder "Plasmic And Pure" net, bis am zweeten Track alt mol den Tempo gewiesselt gëtt, oder de Kirk mat sengem Gesank méi Textur an d'Saach bréngt. Dat Stéck duerno "I Am The Storm" ass wuel dat schwéierst um ganzen Album, obwuel et zum Deel méi séier ass. Interessant gëtt et awer virun allem och duerch d’Ofwiesslung, déi dran ass.



Sou Momenter maachen dësen Album richteg gutt, ma leider gëtt et där awer just wéineg. Ofgesi vun dëse Momenter, an deenen och mol den Tempo gewiesselt gëtt, schwiewe Crowbar op "The Serpent Only Lies" zimlech op enger gläichméisseger Intensitéit, déi allerdéngs schéin heavy ass, wéi och d'Lidder "Surviving The Abyss" an "Embrace The Light" beweisen.

Et gëtt awer och zwee Tracks, mat deene Crowbar bësse frësche Wand an d'Spill bréngen, notamment "Song Of The Dunes" an "On Holy Ground", wou d’Band eng nei Zort vu luesen an awer staarken Emotioune beweisen oder och mol dat ugepisste Béischt erausloossen.

Crowbar erfanne mat "The Serpent Only Lies" d'Rad vun dësem Genre net nei, mä dat muss och net sinn. A wien de leschten Album vun de Sludge Kinneke gutt fonnt huet, wäert och dëse gutt fannen.

Playlist

Iced Earth - Melancholy (Something Wicked This Way Comes; Century Media; 1998)

Mindpatrol - Crown Of Thorns (The Marble Throne; Independant; 2016)

Soulhenge - Serenety (Anachronism; Independant; 2016)

Serpentine Dominion - Vanquish Unto Thee (Serpentine Dominion; Metal Blade; 2016)

Hammerfall - Hammer High (Built To Last; Napalm; 2016)

Metallica - Atlas, Rise! (Hardwired ... To Self-Destruct; Blackened; 2016)

Crowbar - The Serpent Only Lies (The Serpent Only Lies; E1; 2016)

Apophys - Ego (Prime Incursion; Metal Blade; 2015)



Episoden