Radioen

On air

Détente sous l'olivier  |  Jules Verne II

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Korn, Scarred, Testament & Dark Tranquillity

Korn, Scarred, Testament & Dark Tranquillity

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

Korn

D’lescht Woch (den 21. Oktober 2016) koum dee wuel beschte Korn Album zënter graff 10 Joer eraus. "The Serenety Of Suffering" stellt fir mech e perfekte Mix aus hire ganz fréiere Saachen an aus Saachen aus hirer "Untouchables" Zäit duer. Wéi d’Band hiren neisten Album selwer gesäit, héiert der am Interview vun dëser Woch mam Jonathan Davis.

Scarred

Scarred sinn den Ament ganz gutt ënnerwee, an elo demnächst op eng kleng Japan Tour ginn. Iwwermuer hu si hiren éischte Gig op engem Festival dohannen, duerno geet et da fir 3 weider Datumen bëssen duerch d’Géigend. An deem Kontext hu si fir "Psychogenesis" och e Playthrough Video fir d’Gittar erausbruecht.




1. Album vun der Woch: Testament - Brotherhood Of The Snake (8,5/10)

"Brotherhood Of The Snake" ass den drëtten Album ënnert dem ale Lineup, deen d’Band 2005 nees zesummebruecht hat. A grad wéi "Formation Of Damnation" an "Dark Roots Of Earth" beweist och dësen Album, dass Testament sech den Titel ass Éieremember an de Big 4 vum Thrash verdéngt hunn.

Mat Stécker wéi "Stronghold" oder "Centuries Of Suffering" léisst d’Band z. B. gekonnt hiren Thrash Muskele spillen. Op der anerer Säit weisen Testament mat Lidder wéi "Neptune Spear", dass si hir Instrumenter awer och mol bësse schounen an e Gank zeréckschalte kënnen. Eng richteg Ballade gëtt et op "Brotherhood Of The Snake" allerdéngs net, aus deem Feeler hu si wuel geléiert.. Dat hat de Gittarist Alex Skolnick jo well am Interview mat engem Schmunzelen erkläert.



Leider gëtt et awer och bësse méi schwaach Momenter um neien Album, nämlech dann, wann d’Band probéiert mat anere Genren ze spillen, notamment wa klassesch Hard Rock Elementer benotzt ginn, oder a Lidder wéi “Black Jack” oder “The Pale King”, déi fir Testament eigentlech bëssen ze vill upbeat a positiv kléngen, an net wierklech bei de Rescht vum Album passen..

Dovunner ofgesinn ass "Brotherhood Of The Snake" awer en exzellenten Thrash Album dee beweist, dass Thrash Metal haut nach grad esou relevant ass, wéi deemools an den 80er, wéi de Genre opkomm ass.

2. Album vun der Woch: Dark Tranquillity - Atoma (9/10)

Et gëtt jo virun allem dräi schwedesch Bands, déi an den 90er de Genre vum Melodic Death Metal pionéiert hunn. An allen dräi hu se sech anescht entwéckelt. At The Gates hu sech am Verglach mat hirem Klassiker "The Slaughter Of The Soul" quasi guer net verännert. In Flames kléngen haut komplett anescht wéi fréier an Dark Tranquillity hunn et iergendwéi fäerdeg bruecht sech weider ze entwéckelen ouni awer sou eng 180 Grad Kéier ze maachen, wéi In Flames, och wann dotëscht alt ëmmer nees den een oder aneren Album dobäi war, dee bësse méi schwaach war, wéi säi Virgänger.

Op "Atoma" schéngen Dark Tranquillity awer sou zimlech op engem Héichpunkt ze sinn. D’Lidder sinn all staark an hu méi Energie an Dynamik, wéi eng ganz Parti Albume virdrun. An dat gëtt well beim launeschen "Encircled" kloer, dee wuel beschten Opener zënter laangem. Richteg grousse Kino kritt een am ganz liewegen, "Projector"-ähnlechen Titeltrack oder am düstere "Faithless By Default".



A wann et op der enger Säit mat de Stécker wéi "Forward Momentum", "The Pitiless" oder "Our Proof Of Life" och mol méi a Richtung recycléierten 0815 Melodie geet, sou gëtt et awer och genuch grouss Momenter, déi ee méi paken, wéi z. B. duerch déi bedréckend Intensitéit vu "Force Of Hand", oder duerch déi pulséierend Catchiness vu "Clearing Skies".

"Atoma" ass domat e weidert grousst Wierk an der Diskographie vun de Kult Melodic Death Metaller, wann och net hiert Bescht. Ma bei wäitem och net hiert schlechtst.

Playlist

Metallica - Creeping Death (Ride The Lightning; Megaforce; 1984)

Scarred - Psychogenesis (Gaia - Medea; Independant; 2013)


Korn - Baby (The Serenety Of Suffering; Roadrunner; 2016)

Sleepers’ Guilt - Two Words (Kilesa; Independant; 2016)

Testament - Brotherhood Of The Snake (Brotherhood Of The Snake; Nuclear Blast; 2016)

Entombed A.D. - Dead Dawn (Dead Dawn; Century Media; 2016)


Dark Tranquillity - Merciless Fate (Atoma; Century Media; 2016)

Anaal Nathraak - Extravaganza (The Whole Of The Law; Metal Blade; 2016)

Ranger - Lethal Force (Speed & Violence; Spinefarm; 2016)

Episoden