arrow_back_ios
Aktuelles
Nei Gebaier an eng verbessert Struktur fir d'Ligue HMC op der Kap
D'Aktivitéite vun der Ligue HMC op der Kap ginn zum gréissten Deel an dräi Gebaier ofgehalen, déi nach aus den 1970er Jore sinn, mä déi längst net méi deene modernen Ufuerderungen entspriechen. Zanter dem September lafen d'Aarbechten, déi Enn 2019 missten ofgeschloss sinn, an dann dee richtege Kader bidde fir déi ronn 200 MataarbechterInne mat enger Behënnerung, an déi ronn 70 Leit Personal, déi dës Matmënschen encadréieren a betreien.