arrow_back_ios
Blue Note
Free Jazz - eng musikalisch Revolutioun
An de 50 a 60er Jore koum et mat den éischte Free Jazz Kläng zu enger regelrechter Revolutioun am Jazz. Et ware Museker wéi den Ornette Coleman, Don Cherry, Cecil Taylor, Charles Mingus deenen de Bebop, Hard Bop a modalen Jazz, sou wéi en an de 40 a 50er Jore gespillt gouf, keng oder net genuch Méiglechkeete gouf, fir sech musikalesch auszedrécken an esou dës nei musikalesch Form entwéckelt hunn. Um Beispill vum Ornette Coleman mécht de Marco Reusch e musikaleschen Ausfluch an dës extravagant Zeen.