Radioen

On air

Détente sous l'olivier  |  Jules Verne II

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Rock Tools, Serpentine Dominion & Korn

Rock Tools, Serpentine Dominion & Korn

Rock Tools 7

Wéi een am Metal richteg séngt, ouni seng Stëmmbänner futti ze maachen, dorëms geet et beim David Wagner. Mam Chef vum Rocklab (fréiere Centre de Ressources vun der Rockhal) Sam Reinard geet et am Interview vun dëser Woch ëm déi 7. Editioun vu Rock Tools. Donieft héiert Dir, datt Gittaristen aus dem Metalcore och Death Metal spille kënnen an den neien Album vun den Nu-Metal Mat-Grënner Korn ass och um Menu.

1. Album vun der Woch: Serpentine Dominion (9/10)

Et gëtt eng nei Death Metal Supergroup. An deenen hire selt-titled Debutalbum kënnt d’nächst Woch via Metal Blade eraus: Serpentine Dominion mam George “Corpsegrinder” Fisher vu Cannibal Corpse, dem Adam D. vu Killswitch Engage a mam Shannon Lucas, dee fréier be The Black Dahlia Murder an All That Remains gespillt huet. Bei där Besetzung sinn d’Erwaardungen deementspriechend héich. An eppes kann ee virop soen: Si goufen erfëllt.

Den Album fänkt zwar mat engem klasseschen Deel un, deen dann an en éischter metalcoresche bis melodeschen Death Metal Sound wiesselt, sou dass een een Ament den Androck kritt, den Adam D. wier op de Spure vu KSE, just méi stramm, ma dat ass am Endeffekt awer net de Fall, och wann am Laf vum Album déi eng oder aner Kéier dat engt oder anert Metalcore Element virkënnt. "The Vengeance In Me", wat d’Band virun e puer Wochen als alleréischt Lidd erausbruecht hat, rappt engem den Hierk vum Teller, grad esou wéi "Vanquish Unto Thee" oder "Divide, Conquer, Burn And Destroy", mat hire brutale Riffer a Growls à la Cannibal Corpse, déi engem de Mo ëmdréinen.

Gittar Soloen a Pinch harmonics, déi scho bal en Ausmos à la Zakk Wylde unhuelen, gëtt et en masse, an och d’Geschwindegkeet ass typesch fir brutalen aggressiven Death Metal. Ma et sinn net nëmmen d’Soloen an d’Vitesse, mat deenen den Adam D. beweist, dass hie wäit méi ka spillen, wéi just Metalcore. Z. B. am Stéck "Sovereign Hate", wat mat engem epeschen Intro ufänkt an dann an e richteg fette Groove wiesselt, bei deem een automatesch muss headbangen. Interessant un dësem Lidd ass awer och, dass den Adam D. hei e puer clean Vocals liwwert, déi iergendwéi total an dat ganzt passen.



"On the Brink of Devastation", wat och well als Gittar Playthrough erauskomm war, ass e weidert Stéck, wat all Death Metal Fan dierft gefalen. "Jagged Cross Legions" erënnert dann nees méi u Metalcore, nottament mam Chorus, wiesselt sech awer mat klasseschem Death Metal of. Ervirzehiewe sinn hei awer dem Shannon Lucas seng verréckt Blast beats. Serpentine Dominion gi mat "Prelude" awer och mol méi roueg, allerdéngs wahrscheinlech just, dass ee sech eng Kéier kuerz kann erhuelen, bis et mam Closer vum Album "This Endless War" eng leschte Kéier sou richteg lass geet, mat ville melodesche Passagen, engem epesche Chorus, brutale Versen a fulminante Soloen.

Den Debutalbum vun dëser Supergroup ass definitiv gelongen, op mannst wann een e Fan vun dynameschem an och heiansdo melodeschem, an awer brutalem Death Metal ass. Et steet bis well näischt fest, mä et wier richteg fett, wann déi 3 ënnert hirer neier Konstellatioun géifen op Tour goen..

2. Album vun der Woch: Korn - The Serenety Of Suffering (8/10)

Korn hunn 1994 mat hiren déifgestëmmte Gittaren an hirem modernen neie Sound an den eenzegaartege Vocals vum Jonathan Davis d’Welt vun der Rock-Musek grondleeënd verännert an de Grondsteen fir en neie Genre geluecht, dee sech Nu Metal genannt huet. Am Laf vun de Joren hu si awer virgehäit kritt langweileg a kommerziell ze sinn an net méi sou ze klénge wéi fréier, an de Projet mat de sëllechen Dubsteb Kënschtler huet d’Fans och gespléckt. E puer mol hu si well probéiert zréck bei hir Wuerzelen ze fannen, ma dat ass ëmmer nëmmen hallef gelongen. Anescht ass et bei hirem neisten Album The Serenety of Suffering, deen haut via Roadrunner Records erauskoum, an dee wuel de beschten Album zënter Untouchables ass..

Op hirem neiste Wierk beweisen d’Bakersfield Jongen direkt vun Ufank un, mat Tracks wéi Insane, Rotting in Vain oder Black is the Soul, dass si sech selwer rëm nei entdeckt hunn, an e bëssen eng ganz gelonge Mëschung aus hirem ganz fréie Material an hirem Material aus Untouchables Zäite fäerdeg bruecht hunn.

An och wann den Head bei hirem leschten Album The Paradigm Shift nees dobäi war, huet ee gemierkt, dass en nach net sou extrem vill Afloss op dat ganzt hat. Elo kléngt alles sou, wéi wann de Munky an den Head nees wierklech sou wéi fréier alles zesumme geschriwwen a mega Spaass beim Songwriting gehat hätten. All Lidd huet dee Power, wéi een et aus ale Korn Zäite kennt, an d’Gittare si fett an d’Chorusse rappen een nees richteg mat.



Anescht wéi fréier ass op The Serenety of Suffering jo awer den Drummer. De Ray Luzier, deen zënter 2009 dobäi ass, nodeems de fréiere Batteur David Silveria d’Band 2006 verlooss hat, huet sech um neien Album och richteg dierfen austoben a bréngt mat sengem quasi perfekte Spill puer verréckt Triplets a Fills mat eran.

Weider Highlighten um Album sinn och nach déi bëssen onheemlech Tracs The Hating oder Die Yet Another Night oder och nach Baby, an deem d’Gittaristen nees dacks vun hirem spilleresche Gequiks Gebrauch maachen, wat d’Band an den 90er zu enge vun hire Markenzeeche gemaach haten.

U sech gi Korn op The Serenety of Suffering mat der typescher Formel Intro Riff / Verse / epesche Chors vir, experimentéieren awer nees immens vill mat verréckte Breakdowns a komesche Schlusser, déi louche Wiesselen an Tempo, Tounaart a Feeling.

The Serenety Of Suffering ass domat deen Album, un deem ee mierkt, dass Korn zesumme mam Head nees eng Band sinn. Ech widderhuele mech: De beschte Korn Album zënter Untouchables

Playlist

Carcass - Heartwork (Heartwork, Earache, 1993)

Mindpatrol - Depulsoris Ira (2016)

Animals As Leaders - Arithmophobia (The Madness Of Many, Sumerian, 2016)

Wovenwar - Lines in the Sand (Honor Is Dead, Metal Blade, 2016)

Serpentine Dominion - The Vengeance in Me (Serpentin Dominion, Metal Blade, 2016)

Rivers of Nihil - Reign of Dreams (Monarchy, Metal Blade, 2016)

Korn - Take Me (The Serenety Of Suffering, Roadrunner, 2016)

Destrage - Don’t Stare at the Edge (A Means To No End, Metal Blade, 2016)

Katatonia - Old Heart Falls (The Fall Of Hearts, Peaceville, 2016)

Episoden