Radioen

On air

Détente sous l'olivier  |  Jules Verne II

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Dark Tranquillity, Meshuggah & Kitshickers

Dark Tranquillity, Meshuggah & Kitshickers

Dark Tranquillity

Dark Tranquillity genéisse net nëmme bei hire schwedesche Fans Kultstatus. Weltwäit ass d'Formatioun gutt am Coup ... an huet sech dofir och aktiv an engem besonnesche Marketingberäich lancéiert, nämlech sou wéi vill aner bekannte Bands och: am alkoholesche Gedrénks. Am Interview mam Sänger Mikael Stanne geet et ënnert anerem dorëms, wat si dann elo erausbréngen a wat dorunner sou speziell ass, awer virun allem natierlech ëm den neien Album Atoma, deen de 4. November erauskënnt an dorëms, wéi si et fäerdeg bréngen, sech als Band weider ze entwécklen an awer net sou extrem anescht ze klénge wéi fréier, am Géigesaz zu anere Melodic Death Metal Bands aus där Zäit.

1. Album vun der Woch: Meshuggah - The Violent Sleep Of Reason (8/10)

Vun deem neie Meshuggah Album "The Sleep Of Reason", deen de 7. Oktober 2016 via Nuclear Blast erauskomm ass, kritt een dat geliwwert, wat sech Meshuggah Fans erwaarden, technesch djenteg Riffer, déi engem d’Gehir wechblosen an Taktiwiesselen à go go. Lass geet et direkt mam längste Stéck um Album, Clockwork, fir dat den éischten offizielle Musekvideo virun e puer Deeg erauskomm ass, an dat a gewinnt brutal technescher Manéier mat Soloen, déi aus enger anerer Dimensioun kommen, a mam bekannten onvergläichlech präzisen, séieren a brutale Batteriespill.

"By The Ton" leet de Fokus bësse manner op reng Brutalitéit, ma dofir bësse méi op eng komplex Instrumentaliséierung a Groove, woubäi "Ivory Tower" mat sengem ultra fette Riff vun deenen zwou Approche profiéiert.



Richteg vill Ofwiesslung, lo mol vum Wiessel vun den Täkt ofgesinn, gëtt et um neie Meshuggah Album net, an dat ass och gutt esou. Bei Meshuggah ass et nämlech sou wéi bei Bands, wéi AC / DC oder Iron Maiden: "Never change a winning team", oder an dësem Fall "never change a winning sound or genre". Si wäerten och nach déi nächst 30 Joer horgenau dat selwecht kënne maachen ouni langweileg ze ginn an hir Fans ëmmer nees op en Neits ze begeeschteren, och wann och si hir Klassiker hunn, op déi si Live net verzichte kënnen. Vu Meshuggah erwaart ee komplizéierten a brutalen Djent a mat "A Violent Sleep Of Reason" beweise si alt nees, dass si mat déi eenzeg international bekannten Djent Band sinn, déi a an deem Genre alles richteg maachen.

2. Album vun der Woch: Kitshickers - III.0 (9/10)

Am zweete Review hu mer mol nees eng Kéier eng Lëtzebuerger Band. Sou richteg Metal sinn se zwar net, mä si sinn ëmmer nach haart genuch fir eng Plaz an enger Metal Sendung ze kréien. Riets geet vun der Post-Rock oder atmosphärescher Post Metal Band Kitshickers.

An iwwert den neien Album "III.0" kéint ech am Fong nach emol genee dat soen, wat ech virun 3 Joer och well vun hirem leschten Album "Horror Vacuii" gesot hat, nämlech dass et en Album ass, wéi een e vun de Kitshickers gewinnt ass. En Album, op deem déi meescht Lidder lues ufänken, a sech ëmemr méi opbauen, wou ëmmer nees Elementer bäikommen an awer och genuch Plaz bleift, dass d’Instrumenter ootme kënnen an op deem awer och heiansdo ganz minimalistesch an / oder atmosphäresch geschafft gëtt. A genee wéi bei all anerem Kitshickers Album, gëtt een um "III.0" och nees mat op eng Rees geholl.

Dat bedeit awer net, dass den neisten Album sech net géif vun deenen alen ënnerscheeden. Virop gëtt et um Niveau vum Gesang eng grondleeënd Ännerung, an zwar déi, dass si mam Yann Dalscheid elo nees e feste Sänger hunn, dee quasi op all Lidd séngt. An dat net nëmme mat ultra béise Growls, wéi een se vu sengen Zäite bei An Appla A Day kennt, mä och clean. An dat mécht e sou gutt, dass ee bei verschiddenen Deeler sou matgerappt gëtt, dass engem d’Héngerhaut ausgeet.

E Gaaschtsänger brauchen d’Kitshickers deemno net méi, ma et gëtt awer nach ëmmer aner Gaaschtmuseker, sou z. B. nees d’Lisa Berg nees um Cello.



Ech nennen se zwar alt heiansdo Post Rock Band oder atmospheric oder progressive, ma am Endeffekt experimentéiere si sou vill mat verschiddenen Elementer, dass ee si net an iergendee Genre-Tirang stieche kann. A bei deenen Experimenter traue se sech nawell eppes a ginn um neien Album sou minimalistesch wéi nach ni virdrun.

An awer hunn d’Kitshickers definitiv hire Widererkennungswäert, well se hir Musek ëmmer relativ tripéiert halen; wëll heeschen dacks laang déi selwecht musikalesch Figur; an ëmmer nom Motto "manner ass méi" verfueren (just wéineg Riffer pro Lidd, déi dann ausgebaut ginn).

Am ganze sinn um neien Album 6 Lidder ze fannen, déi zesummen eng déck Stonn laang daueren. Fir déi, déi sech net mam neie Sänger kënnen ufrënnen, oder d’Kitshickers instrumental einfach léiwer huet, hu si déi instrumental Versioun vun de Lidder och nach dropgepak, doduerch huet een am Endeffekt also nees Material fir iwwer zwou Stonnen. A wie mengt, dat wier eng bëlleg Léisung fir op sou vill Spillzäit ze kommen, dee brauch net ze fäerten, well instrumental kréien d’Lidder alleguerten en anere Vibe.

Ech kann iech nëmmen empfehlen, op hir Release ze goen, déi den 22. Oktober an de Rotonden an der Stad ass. Mat dobäi hu si d’Majestic Unicorns from Hell an d’Kooters. Lass geet et um hallwer 8.

Playlist

At The Gates - Blinded By Fear (Slaughter Of The Soul; Earache; 1995)

Decipher - Slave Of The Chapter (Intuition; Independant; 2016)

Dark Tranquillity - Atoma (Atoma; Century Media; 2016)

Meshuggah - Clockworks (The Violent Sleep Of Reason; Nuclear Blast; 2016)

Kitshickers - Awareness (III.0; Independant; 2016)

Avenged Sevenfold - The Stage (Voltaic Oceans; Capitol Records; 2016)

Korn - Take Me (The Serenety Of Suffering; Roadrunner; 2016)






Episoden