Konferenzen
Populär Musek als Kommunikatiounsmëttel
An enger Dokumentatioun, mat zum Deel historeschen Toun-Dokumenter, Musek, Génériquen a Jingele beliicht de Carlo Link chronologesch d’Entwécklung vum Radio. Den Akzent läit op der Zäit, an där sech déi populär Musek duerch de Radio am europäesche Raum verbreet huet. Net all ëffentlech-rechtleche Sender hat deemools de Courage, op deem Wee matzegoen. Thematiséiert ginn 1950er bis 70er Joren, an deenen ë.a. och déi sougenannten Offshore-Radioen, gemengt sinn d’Pirate-Sender, déi vum Mier aus a Richtung Land gesent hunn, an der Musekszeen matgemëscht haten.