Radioen

On air

Détente sous l'olivier  |  Jules Verne II

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Wacken, Asphyx, Scarlet Anger & Desdemonia

Wacken, Asphyx, Scarlet Anger & Desdemonia

Wacken Open Air

De Wacken ass zënter Jore well de gréisste Metalfestival vun der Welt. Bal 80.000 Fans sinn all Joer am Norde vun Däitschland an d’Duerf ass am Ausnamezoustand. Do donieft hunn d’Organisateuren am Laf vun de Joren weider Festivalen op d’Bee gestallt. Wéi d’Zukunft vum Wacken ausgesäit a wat e Fliger mat engem zukünftege Projet vun de Wacken Leit ze dinn huet, héiert Dir am Interview mam Chef vum Wacken, dem Thomas Jenssen.

Album vun der Woch: Asphyx - Incoming Death (7,5/10)

"Incoming Death" ass den éischten Album vun den Hollänner, ouni den Drummer a Grënnungsmember Bob Bagchus, deen och en Haaptsongwriter war. De gréissten Deel vum Songwriting kënnt op dësem Album deemno vum Gittarist Paul Baayens. An dat mierkt een och, och wann hiren neien Drummer Stefan Hüskens säi Bescht mécht, net ze vill anescht ze kléngen, a Bagchus ähnlech Fills ëmzesetzen. Datt de fréieren Drummer net méi dobäi ass an de Songwriting virun allem vum Baayens kënnt, héiert ee virun allem dorunner, datt verschidde Saachen einfach méi wéi Hail Of Bullets kléngen, wéi no Asphyx, wou de Baayens jo och spillt. Sou z.B. bei "A Grand Denial", "Forerunners Of The Apocalypse" oder och am Closer vum Album "Death: The Only Immortal".

Glécklecherweis ass awer och "Incoming Death" zimlech typescht mid-tempo heavy Asphyx Material, wat duerch déi geleeëntlech Geschwindegkeet awer och mol ofrappe kann an duerch vereenzelt Doom Passagë räich un Atmosphär ass, wéi z.B. am beschten Doom Stéck um Album "Subterra Incognita".

Den Titeltrack, deen der jo scho kennt, ass quasi en "Deathhammer" 2.0, e kuerze, catchy a crustege Song, dee live bestëmmt immens gutt goe wäert. "It Came From The Skies" ass Asphyx at their best: gäil Riffer, déi och bëssen thrashesch sinn an u "Last One On Earth" erënneren a Vocals vum Martin van Drunen, déi wéi ëmmer hysteresch verzeifelt kléngen.



Bësse méi oldschool a bësse méi séieren Asphyx gëtt et dann nees am Stéck "Wildland Fire", wou sech déi ganz Band op ganz héijem Niveau befënnt.

Richteg gutt ass iwwregens och d’Produktioun vun "Incoming Death", fir déi och dës Kéier nees de Mastermind Dan Swanö verantwortlech war. Am Géigesaz zum leschten Album kléngt op "Incoming Death" awer carrément ALLES massiv, dem Hüskens seng Drums knuppe richteg, dem Baayens seng Gittare si kloer an awer brutal, de Alwin Zuur säi Bass ass vill méi kloer erauszehéiere wéi soss, an dem van Drunen seng Vocals sinn on point.

"Incoming Death" ass e richteg fetten a gudden Death/Doom Album, allerdéngs hätt ech mir bësse manner Hail of Bullets gewënscht. Och wann hien déi Band gär hunn, wëll ech vun Asphyx jo awer schliisslech Asphyx héieren.

Scarlet Anger

Fir hiert Lidd "The Abominable Master Gruesome" hu Scarlet Anger de 24. September um Anger Fest an der Kufa den offizielle Musekvideo presentéiert a mëttlerweil hu si de Video och op Youtube verëffentlecht.







Desdemonia

Eng weider Lëtzebuerger Band, déi an der lescht puer Videoen erausbruecht huet, ass Desdemonia. Vun hirem Concert an der Kufa de 24. September hu si e multi-cam Zesummeschnëtt vun hirem Lidd "Overload" gemaach a virun e puer Méint hu si en offizielle Musek Video fir "Symbiosis" erausbruecht.





Playlist

Kreator - Flag Of Hate (Flag Of Hate; Noise International; 1986)

Scarlet Anger - The Abominable Master Gruesome (Freakshow; Hänsel und Gretel; 2016)

Triptykon - Obscured (Live @ Wacken) (Monotheist; Century Media; 2006)

Devilment - Under The Thunder (Devilment II: The Mephisto Waltzes; Nuclear Blast; 2016)

Asphyx - Wardroid (Incoming Death; Century Media; 2016)

Apophys - Ego (Prime Incursion; Metal Blade; 2015)

Desdemonia - Overload (Existence; Indepentand; 2010)

Trivium - Desd And Gone (Silence In The Snow; Roadrunner; 2015)

Korn - A Different World (The Serenety Of Suffering; Roadrunner; 2016)

Episoden