arrow_back_ios
Kultur
Ronny Delrue an der Galerie Krome
Nach bis den 19. November weist de flammännesche Kënschtler eng Serie vun Zeechnungen, Fotografien, Installatiounen a Molereien an der Stater Galerie. Dem Ronny Delrue seng Wierker hunn en deels geheimnisvollen an düstere Charakter. De Christian Mosar huet sech mat him a mam Philippe van Cauteren, Direkter vum S.M.A.K. vu Gent doriwwer ënnerhalen.