Radioen

On air

Détente sous l'olivier  |  Jules Verne II

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Equilibrium & Opeth

Equilibrium & Opeth

Equilibrium

Den David Wagner huet d'Band virdrun net sou gutt kannt, hat sech dofir méi Notize geaach wéi soss, ma am Endeffekt ass d’Gespréich ganz natierlech verlaf an hien huet déi Froen, déi en eigentlech stelle wollt, guer net gestallt. Ass awer net dramatesch, mam Robse vun Equilibrium huet hien um Wacken trotzdem iwwert hiren neien Album geschwat, wéi deen een oder anere Line-up Wiessel den Album beaflosst huet, oder wéi et hinnen eigenlech méiglech ass, mat däitschen Texter och a Japan Erfolleg ze hunn.

Album vun der Woch: Opeth - Sorceress (9/10)

"Sorceress" heescht dat gutt Stéck, haut koum et via Nuclear Blast eraus. A mat deem Album ass et esou, wéi een anere Reviewer et beschriwwen huet: Et ass sou wéi mat engem gudde Wäin, dee seng Zäit brauch, fir gutt ze ginn. D’selwecht wéi och well op "Heritage" a "Pale Communion" gëtt et op "Sorceress" wéineg Stécker, déi wierklech vun Ufank un hänke bleiwen. Déi, déi relativ liicht ze verdaue sinn, sinn déi Stécker, déi well am Virfeld verëffentlecht goufen, notamment de schwéieren a schleefenden Titeltrack "Sorceress", de Jethro Tullegen "Will O The Wisp" an och "The Wilde Flowers", dat an der "Sorceress" Manéier zimlech heavy ass. Beim ganze Rescht brauch een defintiv e puer Duerchleef, bis een nees dem Mikael Akerfeldt seng Grandiositéit an d’Epeschheet vum Album erkenne kann.

Heavy ass eigentlech och dat Stéchwuert, wat wéi e roude Fuedem duerch de ganzen Album zitt. Zwar gëtt et op "Sorceress" alt nees just clean Vocals an Opeth experimentéieren nach ëmmer extrem vill mat Dynamik, luese Passagen, déi éischter u Storm Corrosion erënneren, Harmonien an dem typesche 70s psychedelesche Prog Rock, ma den Heaviness Level hunn d’Schweden op "Sorceress" am Verglach mat den zwee Virgänger nach emol eropgeschrauft, sou z.B. am Track "Era" oder "Chrysalis" oder "Strange Brew".

A wann "Heritage" nach méi wéi Protest géint den traditionellen Death Metal oder géint alles, wat si fréier gemaach hunn, geklongen huet, deen awer nach net ganz ausgeräift war, sou fënnt een, wat sech Opeth ëmmer méi weider entwéckelen, awer och ëmmer méi nees déi méi traditionell Opeth Elementer zréck, wéi se och well fréier benotzt goufen, an doduerch entsteet trotz dem 70s Stil e Vibe, wéi op de fréieren Death Metal Albumen. Nieft der Heaviness sinn et och déi Aspekter, déi dësen Album nach e Stéck besser maachen, wéi déi zwee Virgänger.



A wéi ëmmer iwwerzeegen Opeth, ähnlech wéi aner Progressive Bands an där Gréisstenuerdnung, duerch hir gefillvoll Leads a Kreativitéit, wann et drëms geet, Harmonie mateneen ze verbannen, oder einfach vill Spuren esou mateneen ze kombinéieren, datt et Sënn mécht an e wonnerbare Bouquet Musek entsteet.

A mat "The Seventh Sojourn" gëtt et op Sorceress och nees en instrumentaalt Stéck a gläichzäiteg Material, wat an eng bësse méi orientalesch Richtung geet, a wat mech bëssen un "Atonement" erënnert.

"Sorceress" ass, mengt den David Wagner, deen Album, ob deem sech d’Band endlech och an hirem bësse méi neie Stil selwer richteg fonnt huet. Et wäert wuel ni säi Lieblingsalbum vun Opeth ginn, awer et ass am Moment trotzdem een, deen hien erop an erof lauschtert. Vun dësem kann een defintiv soen “Wann Opeth drop steet, dann ass och Opeth dran.” An och wann en net grad un "Transcendence" vum Devin Townsend Project erukënnt, sou ass och "Sorceress" vun Opeth e Meeschterwierk an definitiv an den Top 5 vun de beschten Albummen 2016.

Playlist

Entombed - Demon (Wolverine Blues; Earache; 1993)
Obituary - Intoxicated (Live) (Ten Thousand Ways To Die; Relapse; 2016)
Equilibrium - Eternal Destination (Armageddon; Nuclear Blast; 2016)
Dark Tranquillity - The Pitiless (Atoma; Century Media; 2016)
Hammerfall - Hammer High (Built To Last; Napalm; 2016)
Asphyx - Forerunners Of The Apocalypse (Incoming Death; Century Media; 2016)
Opeth - Chrysalis (Sorceress; Nuclear Blast; 2016)
Amon Amarth - Raise Your Horns (Jomsviking; Metal Blade; 2016)
Metallica - Moth Into Flame (Hardwired... To Sef-Destruct; Blackened; 2016)



Episoden