Radioen

On air

Détente sous l'olivier  |  Jules Verne II

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Testament, Calypso's Call & Fusion Bomb

Testament, Calypso's Call & Fusion Bomb

Testament

Um neien Album vun Testament, dee sech Brotherhood Of The Snake nennt an den 28. Oktober erauskënnt, wäert et definitiv keng Ballad ginn. Dat war ee vun de Punkten, deen de Gittarist Alex Skolnick am Interview erkläert huet, deen um Wacken mat him gemaach gouf. Ofgesi vun den Detailer iwwert dat neit Wierk vun den Amerikaner goung et och nach ëm dem Alex seng Jazz Band an den Afloss op de Songwriting bei Testament.

Calypso's Call

Eng Band, ëm déi et länger Zäit roueg war, déi weder eppes erausbruecht hunn, nach live gespillt hunn, hu sech nees zréck gemellt. An zwar mat engem neie Stéck, fir dat et och e Video gëtt, wat mech dach relativ u Korn erënnert. Lauschtert a kuckt selwer dat neit Lidd, respektiv den neie Vide vu Calypso's Call:



Album vun der Woch: Fusion Bomb - Pravda (7/10)

Déi jonk Band war an der leschter Sendung am Interview, um 24. September presentéiere Fusion Bomb hir éischt EP Pravda um Anger Fest an der Kufa zu Esch. Deemno ass dat dës Kéier eisen Album vun der Woch.

An et ass u sech e ganz staarkt Stéck fir en Debut, ma et huet allerdéngs och seng kleng Bemolen, mä do komme mer nach am Detail drop zréck.

Well et eng Konzept-EP ass, an där et bëssen ëm d’Geschicht vun der Sowjetunioun geet an een an den eenzele Lidder eng Zäitrees vun 1986 aus un zréck mécht, fänkt d’EP mat engem sowjetesche Chouer un. Kléngt cool a mécht Stëmmung op dat wat nach kënnt. Leider leider léisst d’Audio-Qualitéit vun deem Stéck bëssen ze wënschen iwwreg.. Dat deet der Stëmmung awer keen Ofbroch a sou bal dat éischt richtegt Lidd aus de Lautsprecher kënnt, fillt ee sech duerch de schwéieren a rockege mid-tempo Groove gezwongen ze headbangen.

Vill méi komplizéiert wéi dës Riffer gëtt et op der EP net an dat ass och gutt esou. Et gëtt just plazeweis bësse méi schnell. Am Fall vu Fusion Bomb gëllt definitiv d’Devise “manner ass méi”. Mat onkomplizéierte Riffer, schreift d'Band Lidder, déi rocken. Nieft de rockege Riffer bleiwen awer och d’Soloe liicht am Kapp, déi zwar wuel heiasdo bësse méi komplizéiert, awer net sou komplizéiert sinn, dass een net nokënnt mam lauschteren.



Et gëtt awer ee Lidd, wat op der EP ervirstécht, an dat ass den Titeltrack Pravda, wat och nees duerch eng al Ostblock-Melodie agelaut gëtt.. Do gëtt et nämlech nieft dem méi rouegen awer coole Solo net nëmme rockeg Riffer, mä och nach en extrem memorabelen a melodiéisen Hook.

E weidere Bemol, deen et leider op dëser EP gëtt, ass d’Holperlechkeet op verschiddene Plazen. U wat et genee läit, ass schwéier erauszehéieren, mä et gëtt déi eng oder aner Plaz op Pravda, déi einfach net ganz tight kléngt. An och mam Gesang gëtt et ee Problem: d’Aart a Weis wéi gesonge gëtt ass u sech OK fir de Genre, ma duerch déi extrem opgesate Motzegkeet versteet ee meeschtens net ganz vill, wat schued ass.

Dat ass awer och net sou schlëmm, dass d’EP doduerch net ze lauschtere wier. Pravda ass e staarken Debut vun der jonker Band an et ass definitiv derwäert se de 24. September an d’Kufa op d’Anger Fest kucken ze kommen. Ech sinn op alle Fall op d’Release gespaant a freeë mech och well op hir weider Entwécklung. Potential huet d’Band nämlech en masse.

Episoden