arrow_back_ios
Kultur
D'Vee Speers an der Wild Project Gallery
Am Kader vum Mois Européen de la Photographie hat zejoert och déi australesch Fotografin Vee Speers zu Lëtzebuerg am Nationalmusée hir Aarbecht presentéiert. Mat hirer Kamera hat si versicht, d’Fragilitéit, mee och den Houfert vu Jugendlechen anzefänken, dat Ganzt ënnert dem Titel “Bulletproof”, also kugelsécher. Elo huet d’Wild Project Gallery d’Vee Speers fir eng Eenzelausstellung invitéiert. D’Kerstin Thalau huet déi australesch Wal-Paräisserin kennegeléiert.