Kultur
CinEast Festival: 100 Filmer an e Fokus op d'Migratioun
Vum 6. bis den 23. Oktober gëtt déi 9. Editioun vum Filmfestival “CinEast” organiséiert, deen de Fokus op Filmer, a méi allgemeng d’Kultur, aus Mëttel- an Osteuropa leet. Eng 100 Filmer aus 18 Länner gi gewisen, haaptsächlech rezent Wierker vun deene munnecher dëst Joer op anere Festivale wéi der Berlinale, Locarno oder och nach Sundance, mat Präisser ausgezeechent goufen. Zu den 20 Invitéen, déi fir de Festival op Lëtzebuerg kommen, zielen den däitschen Acteur Ulrich Mattes oder och nach de polnesche Schauspiller Andrzej Seweryn. Een thematesche Schwéierpunkt beim Cineast nennt sech “Away From Home”: an deem Kontext gëtt et beispillsweis eng grouss Fotosausstellung am Neimënster, a vill Filmer déi sech mat der Problematik vun de Réfugiéë beschäftegen. De Festival gëtt ofgeronnt duerch eng Rei Concerten an Diskussiounsronnen. An och d'Gastronomie kënnt net ze kuerz.