arrow_back_ios
Kultur
Den "nouveau bestiaire" vum Maxim Kantor
Op en zu Oxford, op der Île de Ré, oder elo scho 27 Joer zu Berlin lieft, de gebiertege Moskoviter Maxim Kantor thematiséiert op senge Peinturen dacks en trauregen russeschen Alldag. Zanter kuerzem si mëttelalterlech Fabelwiese bäikomm. De 16. September war am Neimënster de Vernissage vun "Le nouveau bestiaire", dem Kënschtler an Auteur senger 5. Ausstellung zu Lëtzebuerg. D'Kerstin Thalau war am Gronn dobäi.