Kultur
"Bergfired" e Film iwwert de Massaker vun Sant'Anna di Stazzema
Dat kleng toskanescht Duerf Sannt’Anna di Stazzema ass wéinst engem traurege Fait international bekannt ginn. Am August 1944 hunn Nazi-Zaldoten iwwer 500 Zivilisten , dorënner 130 Kanner massakréiert. Den däitsche Cineast Jo Baier huet dëst Massaker an sengem Televisiounsfilm “Bergfried” thematiséiert. E Film dee sech mat der Schold an der Gerechtegkeet auserneen setzt. Eréischt Joerzéngten nom Massaker vu Sant’Anna di Stazzema huet d’Justiz mat dësem Nazi-Verbrieche beschäftegt, mat awer kenge Konsequenze fir Täter déi nach liewen. Fir de Realisateur a Zeenarist Jo Baier ass säi Film “Bergfried” e Versuch Gerechtegkeet ze fannen, an dat einfach an deems een dat Massaker vu 1944 nees ëffentlech mécht, well vill Leit sech awer net bewosst wat fir schrecklech Doten Nazi an Italien verbrach hunn.