Kultur
Edward Albee: ënnert der glater Iwwerfläch fënnt een Allerhand
Enn leschter Woch ass den amerikaneschen Theaterauteur Edward Albee am Alter vun 88 Joer gestuerwen. De Schrëftsteller, deen dacks am selwechten Otemzuch genannt gëtt wéi seng Beruffskollegen Tennessee Williams an Arthur Miller, huet bis an den héijen Alter Stécker geschriwwen. Net all dovu waren erfollegräich, mä e puer sinn als Meilesteng vun der amerikanescher Theaterliteratur an d’Geschicht agaangen: “The Zoo Story”, mat deem en 1959 bekannt gouf; “Who’s Afraid of Virginia Woolf”, säi wuel gréisste Succès, vun 1962; a méi spéit a senger Karrière, “Three Tall Women”, de Pulitzer-Präis vun 1994 an eng Ofrechnung mat senger Mamm; oder och nach “The Goat, or Who is Sylvia?”, 2002.